Author: Tom

Visitt vum zukünftegen Schoulkomplex zu Bruch

De Schäfferot hatt Samschdes den 21. September 2019 d’Léierpersonal, d’Personal aus de Maison Relais vu Béiwen an vun Tënten, d’Elterevertrieder an de Gemengerot op eng Visitt vum Schoulkomplex zu Bruch invitéiert. Bei dëser interessanter Visitt konnte mir eis en 1. Bild vun dësem Projet maachen. Bis elo sinn d’Aarbechten am Délai sou dass momentan enger Schoulrentrée 2021-2022 am néien Gebai näischt am Wee steet. E puer Fotoe fannt dir...

Read More

18/04/2019 – En Dag am Bësch

SOLD-OUT Op Initiativ vun der Elterevereenegung organiséiert den Naturschutzsyndicat SICONA den 18 Abrëll 2019 vun 10:00-15:00 e flotten Dag zu Brouch am Bësch fir d’Kanner vum C2-C4. D’Sicona wäert an den nächste Deeg e Flyer mat weideren Detailer iwwert d’Bichelcher verdeelen.  Weider Détailer an Umellung:...

Read More

Spendenaktioun 2019 — MERCI !!! —

E grousse MERCI un d’Elteren an un d’Léierpersonal vun der Schoul Béiwen fir hier super Ënnerstëtzung bei eiser Séissegkeeten-Spendenaktioun zu Gonschten vun der Stëmm vun der Strooss. Merci-Bréif vun der Stëmm vun der...

Read More

06/03/2019 – Elterenowend „Mobbing am Schoulalldag“ — MERCI —

E groussen MERCI un d’Madamm Kayser fir hiren interessanten Virtrag zum Thema “Mobbing an der Schoul” den 6. Mäerz 2019 an der Scheier zu Bëschdref. Et freet eis dat dësen Themenowend esou e groussen Uklang bei den Elteren an dem Léierpersonal fonnt huet. E groussen MERCI och un d’Gemeng Helperknapp fir hier Ënnerstëtzung. Mir freeën eis och ëmmer iwwer Virschléi fir weider Themenowenter, zéckt net fir eis ze kontaktéieren. Méi Informatiounen fannt dir ob onsem Flyer: Flyer Mobbing...

Read More