Month: April 2020

“Stay home challenges” Maison-relais Tënten

Hallo Kanner, elo ass et esou wäit. Ab haut den Owend fänkt d’Vakanz un, an dat heescht,  keng Aufgaben méi wärend zwou Wochen 🙂 Fir eis zesummen ze ameséieren, proposéiert iech d’Équipe vun der Maison Relais Tënten um “Stay at home Challenge” mat ze maachen. All Dag schléit iech d’Équipe eng Erausfuerderung vir. Wann dir se unhuelt, dann léist d’Aufgab an maacht eng Foto oder e Video (*) (denkt drun, dass op der Foto ewéi och um Video, keng Persoun duerf erkannt ginn) vum Resultat an schéckt dat un d’Maison Relais: mre.tuntange@helperknapp.lu Mir wielen all Dag een Gewënner. Um Enn vun...

Read More

26 – 28/02/2020 – Kannerbicherausstellung

Vum 26. Februar bis den 28. Februar huet eis traditionell Kannerbicherausstellung zu Huelmes am Schlass statt fonnt. Wärend 3 Deeg konnten d’Kanner aus der Schoul Helperknapp u flotten, interaktiven Liesungen vum Betsy Dentzer, Roland Meyer, Potty Lotty, Myriam Welschbillig, Diane Orban, Myriam Karels souwéi vun der Maison Relais Tënten an der Maison Relais Bëschdref deelhuelen. Des Weideren konnten d’Kanner sech seng flott Selektioun u Kannerbicherbicher vun der Libariarie Zimmer ukucken (a kafen). E groussen MERCI un alleguer d’Léit déi zum Succès vun dësem Event bäigedroen...

Read More