D’Elterevereenegung organiséiert den 9. Mee 2019 fir d’Schoulkanner aus der Béiwener Schoul (Précoce – C4) een Ausfluch op Brühl an d’Phantasialand.

RDV ass um 06:45 zu Béiwen bei der Schoul. Vun do aus fuere mir mam Bus op Brühl. Mir si géint 20h00 rem zréck.

Fir d’Familjen mat enger Memberskaart vun der Elterevereenegung froe mir folgend Participatioun:

– Kanner vun 0-3 Joër: 5 € (Entrée & Bus abegraff)
– Schoulkanner tëschent 4 & 12 Joër: 15 € (Entrée & Bus abegraff)
– Lycéekanner ab 7e bis 18 Joër: 40 € (Entrée & Bus abegraff)
– Erwuessener: 50 € (Entrée & Bus abegraff)

Familjen ouni Memberskaart bezuelen 5 €/Persoun weider.

Wichteg: D’Elterevereenegung iwwerhëllt keng Responsabilitéit fir d’Kanner, déi um Ausfluch deelhuelen. All Kand MUSS vun engem Elterendeel begleet sinn.

Umelle kënnt Dir Iech virum 25.04.2019 iwwert de Formulaire hei drënner.

D’Umeldung ass eréischt mat der Iwwerweisung vum Onkäschtebäitrag op eise Konto bei der Raiffeisebank gülteg: IBAN LU55 0090 0000 2194 0606 BIC CODE CCRALUL

Fir weider Froen kënnt Dir iech gär beim Tania Jacoby um 621 311 398 oder beim Frutz Frin um 621 505 660 mellen.

FLYER LU / FR