Hallo Kanner,

elo ass et esou wäit. Ab haut den Owend fänkt d’Vakanz un, an dat heescht,  keng Aufgaben méi wärend zwou Wochen 🙂

Fir eis zesummen ze ameséieren, proposéiert iech d’Équipe vun der Maison Relais Tënten um “Stay at home Challenge” mat ze maachen.

All Dag schléit iech d’Équipe eng Erausfuerderung vir. Wann dir se unhuelt, dann léist d’Aufgab an maacht eng Foto oder e Video (*) (denkt drun, dass op der Foto ewéi och um Video, keng Persoun duerf erkannt ginn) vum Resultat an schéckt dat un d’Maison Relais: mre.tuntange@helperknapp.lu

Mir wielen all Dag een Gewënner. Um Enn vun der Vakanz hunn mir dann 9 Gewënner vun der Maison Relais Tuntange. Wann alles erëm normal leeft, geet déi ganz Equipe mat deenen 9 Gewënner eng Kéier Freides Owes op Huelmes eng Pizza iessen.

Just eng Saach zielt:   Ameséiert iech 🙂

(*) Un d’Elteren: Am Kader vun der Gesetzreform iwwert Protektioun vun den Donneren halen mir eis un d’Dokument RGPD “autorisation de prises de vue et de diffusion d’images”. Mir informéieren iech doriwwer, well wann dir eis Film an Foto-Material zouschéckt, dann gi’dir eis d’Erlabnis fir dëst Material um Internet op dem Site vun der Gemeng Helperknapp ze diffuséieren.

Challenge 1 – 06/04/2020

 

Challenge 2 – 07/04/2020

https://drive.google.com/file/d/1I48rDaSiAC0EBhWUs_t0EPpGObTAOtVs/view?usp=drive_web

 

Challenge 3 – 08/04/2020

https://drive.google.com/open?id=1bVD_Hs4J_uDkX1iEmKR3l6AOoJeS5BBU

 

Challenge 4 – 09/04/2020

https://we.tl/t-jToLO09XGr

 

Challenge 5 – 10/04/2020

https://wetransfer.com/downloads/57f90a91ce8cd2c96ad496a71789d6ea20200406075552/d80d671ab590dc643c02325e785dffa720200406075552/fcf861

 

Challenge 6 – 14/04/2020

https://www.dropbox.com/s/9zjd0owjnemeezh/Challenge6.jpg?dl=0

 

Challenge 7 – 15/04/2020

https://www.dropbox.com/s/k2vpum884klc57i/Challenge7.MOV?dl=0

 

Challenge 8 – 16/04/2020

https://1drv.ms/v/s!AhL8If-6dN4yglXkAw8cj5ly8B7D

 

Challenge 9 – 17/04/2020

https://wetransfer.com/downloads/b873342d318327cf81bbc9accb78169e20200414152319/32a063470d345a663169516ac22653c720200414152600/ba9181