Author: Tom

Spendenaktioun 2022 zu Gonschten vun der Stëmm vun der Strooss — MERCI !!! —

E groussen MERCI un alleguer d’Elteren an d’Kanner di dëst un eiser Spendenaktioun deelgeholl hunn. D’Kanner vum C3 vu Béiwen hunn de Schockela dës Woch un d’Stëmm vun der Strooss weider ginn a kruten an engem flotten, kannergerechten Virtrag den Aufgabeberäich vun der Stëmm vun der Strooss virgestallt. De Pressecommuniqué vun der Stëmm vun der Strooss fannt der hei....

Read More

30/10/2021 – Kürbis dekoréieren

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Helperknapp huet den 30.Oktober 2021 eng flott Aktivitéit fir d’Kanner aus der Gemeng Helperknapp organiséiert. Zesummen mat hiren Elteren konnten d’Kanner zu Bëschdref an der Scheier Kürbissen schlitzen an dekoréieren. E puer Comitésmemberen vun der Elterevereenegung Helperknapp hunn eng Hand bei dëser Aktivitéit mat ugepaakt. E groussen MERCI un d’Jugendorganisatioun fir di flott Initiativ. Kürbis...

Read More

!!!! OPGEPASST COUPE SCOLAIRE !!!

Wéi all Joer ënnerstëtzt d’Elterevereenegung och dëst Joer d’Léierpersonal bei der Organisatioun vun der Coupe Scolaire. Passt dës Deeg w.e.gl. besonnesch op, wann dir mam Auto an eiser Gemeng ënnerwee sidd! Mëttwochs, den 2.Juni vu 14h00-16h00 Testnomëtten zu Brouch.Freides den 4. Juni vun 08h00-12h00 Coupe Scolaire zu Brouch.Mëttwochs den 9. Juni vu 14h00-16h00 Testnomëtten zu Huelmes.Freides den 11. Juni vu 08h00-12h00 Coupe Scolaire zu Huelmes. Dokumenter: Circuit Brouch (PDF) Kontrollpunkte Brouch...

Read More