D’ Elterevereenegung Helperknapp ass eng “Association sans but lucratif”.
De Comité kënnt regelméisseg zesummen, fir aktuell Ugeleeënheeten ze bespriechen a Projeten auszeschaffen.
Ons Objektiver
- d’Interesse vun de Schüler vertrieden a sech fir d’Wuelbefanne vun de Kanner asetzen
- Weiderbildungen organiséieren, fir d’Elteren an hirer Erzéiung z’ënnerstëtzen
- Léier- an Erzéiungspersonal ënnerstëtzen
Ons Prioritéiten
- d’Sécherheet an der Schoul an um Schoulwee
- den Informatiounsaustausch wat d’Schoul ubelaangt op nationalem a besonnesch op lokalem Niveau
- d’Matfinanzéiere vu Schoulprojeten a Schoulmaterial
- d’Ënnerstëtzung vun de schouleschen Aktivititéiten wéi de Sportsdag, d’Coupe Scolaire, d’Schoulfest…
- Organiséiere vun Aktivitéiten wéi Liichtmëssdag, Kleeschen, Bicherausstellung…
Wee ka Member ginn?
All d’Eltere vun de Schüler aus der Schoul Béiwen / Tënten si wëllkomm. Wann der Loscht hutt am Interêt vun de Schoulkanner eng Hand matt unzepaken, mellt Iech bei engem vun de Comitésmemberen.