E groussen MERCI un alleguer d’Elteren an d’Kanner di dëst un eiser Spendenaktioun deelgeholl hunn. D’Kanner vum C3 vu Béiwen hunn de Schockela dës Woch un d’Stëmm vun der Strooss weider ginn a kruten an engem flotten, kannergerechten Virtrag den Aufgabeberäich vun der Stëmm vun der Strooss virgestallt. De Pressecommuniqué vun der Stëmm vun der Strooss fannt der hei.