Vum 26. Februar bis den 28. Februar huet eis traditionell Kannerbicherausstellung zu Huelmes am Schlass statt fonnt. Wärend 3 Deeg konnten d’Kanner aus der Schoul Helperknapp u flotten, interaktiven Liesungen vum Betsy Dentzer, Roland Meyer, Potty Lotty, Myriam Welschbillig, Diane Orban, Myriam Karels souwéi vun der Maison Relais Tënten an der Maison Relais Bëschdref deelhuelen. Des Weideren konnten d’Kanner sech seng flott Selektioun u Kannerbicherbicher vun der Libariarie Zimmer ukucken (a kafen).

E groussen MERCI un alleguer d’Léit déi zum Succès vun dësem Event bäigedroen hunn.